Achtung, öffnet in einem neuen Fenster. PDFDruckenE-Mail

Geschrieben von: Marc Kill Freitag, 16. Dezember 2011 um 15:22 Uhr

 

Achtung, öffnet in einem neuen Fenster. PDFDruckenE-Mail

Geschrieben von: Marc Kill Montag, 05. Dezember 2011 um 15:34 Uhr

ADVENTZBAZAR ZU MIERSCH

den 10ten Dezember 2011

Dei Geleegenheet notzt den FC Marisca fir d`Bundesliga live an hierer Buvette ze iwerdroen.

Ab 15:15 kann een Plaatz huelen an sech an Gesellschaft vun enger Wäisswurscht an engem Hefeweitzen  vum Faass et gudd goen loosen. Ugepaff gin dei eischt Partien um 15:30.

Bis een Samsten !!

   

Achtung, öffnet in einem neuen Fenster. PDFDruckenE-Mail

Geschrieben von: Marc Kill Montag, 21. November 2011 um 09:35 Uhr

FC MARISCA MIERSCH 0 : 1 JEUNESSE SCHIEREN (0:1)

Fir dessen Mätsch ze kommentéieren, well ech einfach den Trainer ziteieren (www.wort.lu) :

« Résumé très court, vu qu’il ne c’est pas passé grand-chose dans ce match et que Schieren nous a été supérieur.

Après avoir gâché deux grosses occasions, le 0-1 à la 43 ème min sur corner.

La seconde période, fut lamentable de notre part.

Conclusion,

Un très mauvais match de l’ensemble de l’équipe (à part notre gardien qui est le seul à sortir du lot).

Un match qui n’est certainement pas digne de notre classement actuel, manque flagrant de motivation, d’engagement et d’efficacité.

Match à oublier rapidement et se reprendre au plus vite. »

Do as alles gesoet waat ze soen war.

Bis een Sonnden zu Mäerzeg wou mir eis den rëm hoffentlech vun der anerer Säit weisen !

!!! ALLEZ MARISCA !!!

   

Achtung, öffnet in einem neuen Fenster. PDFDruckenE-Mail

Geschrieben von: Marc Kill Dienstag, 15. November 2011 um 12:24 Uhr

FC PRATZ/REDANGE 3 : 1 FC MARISCA MIERSCH  (1 :1)

Leif Fussballfrënn, leif Fussballfrëndinnen

Mir hunn deen éischten Mätsch an desser Saison verluer. Aus engem méiglechen 6 Punkten Virsprong an der Tabell as et zu engem Punktglaischstand komm.

Mee resuméieren mir den Mätsch mol kuerz.

Gudden Ufank an een gudden Schluss vum FC Marisca. Et war een ongewinntent Bild um Terrain. Een staarken Géigner deen eis vun Ufank un den Bass gehalen huet. Offensiv mega staark an direkt immens geféierlech. Trotzdem hunn mir den 1:0 geschoss, dës Kéier war et den Sabo den fir den FCM markéiert huet.

Déi Réidener hunn sech awer net beandrockt gewissen an weider Gas gin, waat dunn och nach virun der Paus zum 1:1 gefouert huet.

No der Pause sinn mir du fir déi vill Feelpassen, Ongenauegkeeten an ongeféierlech Standardsituatiounen bestrooft ginn. Reiden huet duerch een Eelefmeter den 2:1 markéiert.

 D`Moral vun den Mierscher war awer ongebrach. Déi lescht 15 Minutten haten mir gefillten 20 Kornerenm dei awer ni geféierlech zu Een gespillt ginn sinn. Leider as eis den verdéngten Ausgläich net gelongen , mee Reiden huet an engem Konter an der 90 Minutt den 3:1 geschoss.

Fazit: Et as keen Grond fir den Kapp hänken ze loossen, mir hunn schliisslech géint den 2ten aus der Tabell gespillt déi absolute net onverdingt do stinn. Eng spilleresch ganz staark Equipe mat vill Drang no fier. An der Defense hunn se och net vill zougelooss well et war net wei wann mir keng Chancen gehat haeten. 

Mir waren net op deem Niveau deen mir déi lescht Mätscher gewisen hunn. Eisen Kapitän ass och leider net opgelaf (Muskelzerrung). Den Bras huet eis och gefehlt an mir haten och nach deen een oder aneren déi e bëssen ugeschloe sinn.

Dat soll awer keng Excuse sinn. D`Wanterpaus wäert eis op alle Fall gutt doen.

Mee virun der Wanterpaus spillen mir awer nach 2 wichteg Mätscher. Schieren ass deen nächsten Géigner zu Miersch kommenden Sonnden um 16:00

Wei seet den Capitano sou gär “mir kucken vun Mätsch zu Mätsch”. Dass mir och mol eng Patie verléieren dat war kloer, mee lo geet et drems den Kapp net hänken ze loossen an no fier ze kucken !! D`Saison ass nach ganz laaaaang ;)

Dat war et aus dem Studio, zréck op den Terrain an bis een Sonnden.

!!! ALLEZ MARISCA !!!

Hei den Artikel vun wort.lu/fr : "L'affiche du jour dans la série 1 entre Pratz/Redange et Mersch a tourné à l'avantage des coalisés même si le Marisca conserve la tête du classement alors qu'Äischdall remonte à la troisième place. Dans le match au sommet qui l'opposait à Mersch devant plus de 200 personnes, Pratz/Redange a trouvé le chemin du but par Lex Lullingen avant la pause, par Philippe Cardoso sur penalty et Rui Oliviera à la 90e minute (3-1) alors que les visiteurs avaient ouvert le score par Admir Sabotic.

Mersch un an après

C'est lors de cette onzième journée que Mersch a chuté pour la première fois de la saison. Mais c'était aussi lors de la onzième journée la saison dernière que Mersch avait entamé un fabuleux redressement qui l'avait propulsé de la 12e place à la 3e place. Une drôle de coïncidence!"

An en Kommentar vum Trainer (PS : den Kommentar op wort.lu war komplett verdreint gin) :

«Match avec beaucoup d’engagements, mais très correcte.Le 0-1 après 20 min par Admir Sabotic d’un beau tir à distance. L’égalisation de la tête par Lex Lullingen, 1-1 à la pause.

En seconde période le 2-1 sur penalty à la 60 ème min, ensuite la possession de balle était pour nous et de la malchance dans la concrétisation. Le 3-1 à la 94 ème min sur un tir anodin de Rui Oliveira (le match était terminé)

Conclusion,
Après un bon début de match et le but, la possession de balle était pour l’adversaire jusque la pose. Ensuite le penalty du 2-1 et notre domination, mais sans conclure.
Très difficile de jouer chez cet adversaire de qualité de par leur engagement qui était supérieur à la notre, avec une bonne mise en place sur le terrain et de nombreux supporter tous à leur cause.»

RTL war och matt enger Kamera dobai an huet den Match aus Reidener Siicht begleet, hei kennt dir iech daat ukucken : http://sport.rtl.lu/football/goal/emissioun//show/?v=50877.html


   

Achtung, öffnet in einem neuen Fenster. PDFDruckenE-Mail

Geschrieben von: Marc Kill Montag, 07. November 2011 um 16:10 Uhr

DERBY AM UELZECHTDALL

FC MARISCA MIERSCH 6 : 2 FC MINERVA LËNTGEN (2 :0)

Den Derby ass gespillt, den Derby ass gewonnen !!

Eng ganz wichteg Victoire fir eisen Club ! Den schwéiersten Géigner an der 1ter Divisioun (1 Bezierk) hunn mir mat enger gudder Leeschtung 6:2 rëm heem geschéckt.

Mee loosst eis den Mätsch mol e bëssen méi genau ukucken.

D`Resultat spigelt net onbedéngt d`Leeschtungen vun deenen 2 Equipen. Déi Lëntgener hunn immens staark ugefangen an mir haten eis Méi fir den Mätsch an den Grëff ze kréien. No 10 Minutten ass et eis dunn gelongen den Drock e bëssen ofzebauen an selwer déi éischt Offensivaktiounen ze lancéieren.

An der 20ter Minutt ass dunn déi wuel Spillentscheedend Situatioun passéieren.

Den Eric ass ënnerwee a Richtung Goal an geet am Stroofraum vum Lëntgener Keeper emgesäbelt (Foto). Eelefmeter fir den Marisca an eng rout Kaart fir den Minervakeeper. Eng haart Entscheedung mä vertrietbar !

Den Hunnewald Pol aka Hunni Fussballgott ass, wei ëmmer, ugetrueden fir, wei ëmmer, ze verwandelen !! Tiptop, 1:0 fir den FCM an nach 10 Lëntgener um Stéck. Dat huet een hinnen awer net ugemierkt, si hunn weider no fir gespillt wei wann se nach zu 11 wieren. Eis Jongen hunn sech iergendwéi schwéier gedoe fir d`Kontroll ze kréien. Mee géint deen Géigner war dat och alles anescht wei einfach. Déi Offensiv Ausriichtung gemëscht mat der Roserei vun der rouder Kaart, as an der 40ter Minutt dunn awer bestrooft ginn. Den Mike do Rio huet sech op der Säit duerchgesat, zitt an den Stroofraum an verwandelt aus kuerzem Wénkel zum 2:0 Halbzeitstand.

D`Grinsen war den Miersch Supporter net ze verdenken. Am Derby 2:0 doheem fir, an den Géigner nach zu 10 Mann um Feld. Diskussiounsstoff Nr 1 war natierlech déi rout Kaart! War et eng ? War et keng ? Wier et mat giel duergaangen ? Froen iwwer Froen… Ier mir eis awer ze vill den Kapp zerbrach hunn, ass et dunn fir déi 2t 45er Minutten weider gaangen.

Wien gemengt huet mir géingen lo nach locker gewannen, deen hat sech awer geiert. Lëntgen huet Gas ginn an mir hunn, sou wei zu Mamer och, oft gepennt wann schnell gespillt ginn ass. Schnell Fräistéiss, Aworf oder Ähnleches, an mir kucken dem Ball an Géigner hannendrun. Sou ass dunn och an ganz kuerzer Zäit den 2:1 an den 2:2 gefall. Et war e bëssen fir d`Flemm ze kréien. Mee eis Jongen wieren net eis Jongen wann se net postwendend eng Äntwert ginn hätten. Den Capitano gewënnt een Laafduel op der Flank, passt an den 16ter op den Eric deen nëmmen nach muss erandrécken. 3:2 !! Back on track.

Watt dunn mat den Lëntgener passéiert ass weess ech net, op alle Fall huet den agewisselten Amar Sabotic ënnerhalb vun 20 Minutten een Hattrick geschoss zum Endstand vun 6:2 !! Weider sou Amar !!

Fazit vum Mätsch : Den laang erwaarden Derby am Uelzechtdall ass ganz iwwerraschend immens kloer ausgaangen. Et war eng fair Partie an dat obwuel et nawell zimlech hëtzeg ugefangen huet. Et wier een Duell op Aanheischt ginn wann 90 Minutten laang 11 géint 11 Mann gespillt hätten. Deem war awer net sou. Als Mierscher kenne mir eis jo och guer net bekloen. Mir hunn, an dat ass dës Saison nach net oft virkomm, eis Goalchancen bal all verwandelt. Et waren der net vill, mä déi sinn awer eran gaangen. Dem Amar wëllen mir hei nach fir den éischten Hattrick vun der Saison gratuléieren. An dat och nach am Uelzechtdallderby géint Lëntgen. Eis Defense war bis op 2 Fehler (dei net dierfen pasieren, well mir direkt bestrooft gin sin) ëmmer sur place.

Mir sinn nach ëmmer kloeren Tabellenéischten mat 3 Punkten op Préizerdaul-Reiden géint déi mir kommenden Sonnden spillen  (16:00 zu Reiden ). Do huelen mir dann déi nächst an wichteg 3 Punkten fir dës Saison. Link an den Hunniscorner an hei sin och Fotoen.

An hei nach den Artikel aus dem Wort

Paul Wirard (entraîneur de Mersch)

«Ce fut un match plein, dans un derby suivi par un public nombreux, avec, à la clé, une belle victoire face à une équipe d’une belle qualité de jeu. Le score ne reflète pas la physionomie des débats, avec le tournant du match, à savoir l’exclusion du gardien à la 18e minute. Ensuite, c'est une très forte équipe qui est revenue au score! C'était une partie bien dirigée par un trio féminin avec mademoiselle Morais aux commandes.»

Een groussen Merci un eis Equipe !! Spillt weider sou, dir maacht eis ganz vill Freed am Moment, an dat soll och nach eng Zäit sou bleiwen. Dir gitt vun Mätsch zu Mätsch besser.

!! ALLEZ MARISCA !!

   

Seite 1 von 4