3-1 zu Waasserbellëg gewonnen :-)

RTL Foto vun RTL



01 October 2021

Mëttwochs Owes huet eng Handvoll Marisca Supporter de Wee op Waaserbëlleg gemeet an konnten bei kaalem, fiischtem Wieder 3 Punkten aus dem Sauerstadion matt op Miersch huelen.
Dei kaal Temperaturen waren villeicht och e Grond datt mir eiskaal no net mol 2 Minuten den 1-0 geschoss kruuten. 
Mee ons Ekipp huet sech net laang dovunner aus der Rouh brengen gelooss an den Fc Marisca huet Spill emmer mei enner Kontroll geholl.
Sou war et dunn och verdengt den Ausgleich nach virun der Paus duerch en Eelefmeter vum Gullit ze scheissen. An waat en strammen Schoss vum Gullit!
An der Paus huet den Hunni bestemmt dei richteg Wieder fonnt fir ons Ekipp weider no fiir ze peitschen.
Den 1-2 fir ons ass dunn no 55 Minuten vum Kevin Madeira geschoss gin, hien scheisst heimatter den zweeten Goal am zweeten Match noeneen, hien selwer wees mol net weini daat fir lescht de Fall war ;-)
Den Valter huet dunn brav dem Greischer gefollegt an och sain eischten Goal fir des Saison geschoss, dest no engem Korner.
Et sollt bei desem wuelverdengten 1-3 bleiwen!
Weider geet lo e Sonnden um 17h zu Walfer an der Coupe.
Aller Marisca