Coupe Jos Bucari

Coupe Jos Bucari



08 July 2021

Den Fc Marisca Miersch organiséiert zu Éieren vum Jos Bucari eis alljärlech Coupe.
Den Organisatiounscomité, mat sengem Président, den Daniel Bucari, invitéiert iech ganz häerzlech un dëser Coupe Deel ze huelen.
Mir kucke ganz optimistesch an den August, an organiséieren dësen Event no de gültege COVID-19 Reglementer déi zu deem Moment decidéiert sinn.
Mir hunn als Gaaschtequippen den :
FC Avenir Beggen an eis Nopere vu Lëntgen invitéiert, de Jos stoung dëse Veräiner och ëmmer ganz no, an ee gär gesinne Gaascht op dësen Terrainen. Komplettéiert gëtt eisen Tournoi mam FC Jeunesse Useldeng.
Vue dass di Woch drop eis Championnat, de 14.ten August, ugeet, huele mir des Mätscher selbstverständlech mat an eis Preparatioun op. Deementspriechend denke mir deen Dag net nëmmen un de Jos, mee gesinn och nach, hoffentlech, schéine Fussball vun allen Equippen.
Bis am August ðŸ˜Š
Mir haalen iech hei um laafenden !!
 
ALLEZ MARISCA