Prolongation
Foto vun Norbert Fischels
20 March 2021
Prolongation
Den FC Marisca as houfreg kennen ze melden, dass de Pol Hunnewald dei kommend 2 Joer eisen Trainer bleift.
Mir si frou de Pol kennen als Cheftrainer ze bestätegen.
Hien huet 5 Joer hei zu Miersch an der Senior 1 gespillt, an dëser Zäit ass e vun de Supporter zum #Fussballgott ernannt gin, hien wunnt an der Gemeng an virun allem huet hien eng immens gutt Aarbecht als Trainer um an och nieft dem Terrain geleescht.
Virun 24 Méint huet hien eng Equipe iwwerholl déi an der Gefor war an d’2t Divisioun ze falen. Haut sti mir, natierlech no just 7 Spilldeeg, op enger 5ter Platz an der Éierepromotioun. Dat war dat beschte Resultat vum FC Marisca senger Grënnung 1908
Domadder ass wichtegst Platz an eisem Kader besat.
Weider News, iwwer Spiller an natierlech och eise Staff, kritt dir an deene kommende Wochen hei op Facebook, op Instagram an natierlech och op eisem Site www.fcmarisca.lu, un deem déi kommend Wochen och wäert fläisseg geschafft gin.
ALLEZ MARISCA
#FCM #MariscaMiersch #mirsinMiersch #youngtalents #JUMM #GemengMiersch #Eirepromotioun #Uelzeschtdall #welovefootball #cometostay #workinprogress #Esports